Moto CLub Letzebuerg

blah

MCL
De Club
Touren
Aner Aktiviteiten
Kalenner
Fotoen
Internt Reglement
Comite
Downloads & Links
Tracks

Corner

 

Règlement d’ordre intérieur vum Moto Club Lëtzebuerg
Wat bidde mer eise Memberen:
- Beschtméiglechst organiséiert Motostier a vill aner Aktivitéiten, och ouni Motorrad.
- D‘Méiglechkeet och selwer en Tour / eng Aktivitéit ze proposéieren.
- D‘Méiglechkeet sech un Aktivitéiten ze bedeelegen.
- D‘Méiglechkeet am Comité matzeschaffen.
- Korrekt an transparent Comitéssëtzunge mat Rapport, Urecht op Infoe wat d’Clubliewen ugeet, eng kloer Gerance vun de Finanzen.
- Bei all Aktivitéiten ouni Motorrad si Partner a Frënn och ouni Memberskaart bei eisen Aktivitéiten wëllkomm. Bei Clubaktivitéiten, déi eis Keess belaaschten, gëtt an deem Fall e klenge Beitrag gefrot.
Kanner a Jugendlech si gratis.
Wat gëtt vum Member erwaart:
- Komerodschaftlecht Behuelen, Respekt virun all Member.
- Presenz bei Aktivitéiten an der AG.
- Bei der Organisatioun vu Clubaktivitéiten eng Hand matupaken. 
- Bezuele vum Membersbeitrag (No der AG kritt all Member max. 2 Rappellen).
- De Comité huet d’Recht, e Member, dee sech net un d’Regelen hält, aus dem Club auszeschléissen.
Allgemeng Spillreegelen:
- Pünktlechkeet um Départ.
- Umeldunge ginn agehalen.
- E legaalt, korrekt ugemellte Motorrad, valabel Pabeieren um Tour.
- Dem Tour ugepasste Motorradskleedung.
- Participatioun bei gréisseren Tier (ab 3 Deeg): Wichteg sinn d’Referenzen, d’Erfarung, d’Ausdauer, d’kierperlech Verfassung vum Member, den Zoustand vun der Maschinn ... . Den Organisateur vum Tour huet d’Recht e Member ze refuséieren, wann e senger Meenung no net zum Tour passt.
- Dem Organisateur seng Rechter:  Bestëmme vun der Participatiounszuel, Festleeë vun der Umeldezäit bei enger Aktivitéit.
- Prinzipiell keng Oldtimer (+ 30 Joer op normalen Tier). Den Organisateur kann awer Ausnamen acceptéieren.
- Prinzipiell keng kleng Motorisatiounen (<300 cm³ / <30 PS). Den Organisateur kann awer Ausnamen acceptéieren.
Ënnerwee:
- Récksiichtsvollt Behuelen op der Strooss (géigeniwwer Leit déi méi lues oder méi séier fuere wëllen).
 - Keen Alkohol ënnerwee.
- Wann d’Strooss et erlaabt, fuere mer versat hannerteneen; d’Uerdnung soll agehale ginn (Net ‘pendelen’).
- Op engem ‘Single track’ wa méiglech net an der Mëtt fueren. Do ass dee meeschte Knascht ...
- Virum Ofbéien ass jidderee fir säin Nächste verantwortlech, esou dass deen net verluer geet. (Also w.e.g. siichtbar stoe bleiwen, wa méiglech virun der Ofbéiung)
- Een Deel vum Grupp feelt (dofir an de Spigel kucke w.e.g.):
*Lues maachen, op enger sécherer Plaz stoe bleiwen.
*Den ''''Tourguide'''' geet kucken oder gëtt Instruktiounen.
- De Grupp ass fort:
Zrëckfuere bis op déi Plaz, wou een de Grupp fir d''''lescht gesinn huet. Den ''''Tourguide'''' uruffen.
Vill Freed am MCL!

Règlement d’ordre intérieur vum Moto Club Lëtzebuerg

 

Wat bidde mer eise Memberen:

- Beschtméiglechst organiséiert Motostier a vill aner Aktivitéiten, och ouni Motorrad.

- D‘Méiglechkeet och selwer en Tour / eng Aktivitéit ze proposéieren.

- D‘Méiglechkeet sech un Aktivitéiten ze bedeelegen.

- D‘Méiglechkeet am Comité matzeschaffen.

- Korrekt an transparent Comitéssëtzunge mat Rapport, Urecht op Infoe wat d’Clubliewen ugeet, eng kloer Gerance vun de Finanzen.

- Bei all Aktivitéiten ouni Motorrad si Partner a Frënn och ouni Memberskaart bei eisen Aktivitéiten wëllkomm. Bei Clubaktivitéiten, déi eis Keess belaaschten, gëtt an deem Fall e klenge Beitrag gefrot.
Kanner a Jugendlech si gratis.

Wat gëtt vum Member erwaart:

- Komerodschaftlecht Behuelen, Respekt virun all Member.
- Presenz bei Aktivitéiten an der AG.
- Bei der Organisatioun vu Clubaktivitéiten eng Hand matupaken.
- Bezuele vum Membersbeitrag (No der AG kritt all Member max. 2 Rappellen).

- De Comité huet d’Recht, e Member, dee sech net un d’Regelen hält, aus dem Club auszeschléissen.
Ophuele vun neie Memberen:

- No enger ‘demande d’adhésion’ kritt di betraffe Persoun e provisoresche Status als Member (gratis).
Nodeem se wéinstens eng Kéier mat op e klengen Tour war, decidéiert de Comité iwwer di definitiv Memberschaft. D’Memberskaart gëtt eréicht no dëser Décisioun an nom Bezuele vum Membersbeitrag ausgestallt. Di domat verbonne Virdeeler (z.B. Assurance) trieden eréischt dann a Kraaft.

Allgemeng Spillreegelen:

- Pünktlechkeet um Départ.
- Umeldunge ginn agehalen.
- E legaalt, korrekt ugemellte Motorrad, valabel Pabeieren um Tour. - Dem Tour ugepasste Motorradskleedung.

- Participatioun bei gréisseren Tier (ab 3 Deeg): Wichteg sinn d’Referenzen, d’Erfarung, d’Ausdauer, d’kierperlech Verfassung vum Member, den Zoustand vun der Maschinn ... . Den Organisateur vum Tour huet d’Recht e Member ze refuséieren, wann e senger Meenung no net zum Tour passt.

- Dem Organisateur seng Rechter: Bestëmme vun der Participatiounszuel, Festleeë vun der Umeldezäit bei enger Aktivitéit.

- Prinzipiell keng Oldtimer (+ 30 Joer op normalen Tier). Den Organisateur kann awer Ausnamen acceptéieren.

- Prinzipiell keng kleng Motorisatiounen (<300 cm3 / <30 PS). Den Organisateur kann awer Ausnamen acceptéieren.

Ënnerwee:

- Récksiichtsvollt Behuelen op der Strooss (géigeniwwer Leit déi méi lues oder méi séier fuere wëllen).
- Keen Alkohol ënnerwee.

- Wann d’Strooss et erlaabt, fuere mer versat hannerteneen; d’Uerdnung soll agehale ginn (Net ‘pendelen’).

- Op engem ‘Single track’ wa méiglech net an
der Mëtt fueren. Do ass dee meeschte Knascht ...

- Virum Ofbéien ass jidderee fir säin Nächste verantwortlech, esou dass deen net verluer geet. (Also w.e.g. siichtbar stoe bleiwen, wa méiglech virun der Ofbéiung)

- Een Deel vum Grupp feelt (dofir an de Spigel kucke w.e.g.): *Lues maachen, op enger sécherer Plaz stoe bleiwen.
*Den ''Tourguide'' geet kucken oder gëtt Instruktiounen.
- De Grupp ass fort:

 

Vill Freed am MCL!